Buch, Luxembourgish, Letzeburgesch, 136 Seiten, Format (B × H): 110 mm x 180 mm, Gewicht: 128 g
Dräi eestëmmeg Geschichten
Buch, Luxembourgish, Letzeburgesch, 136 Seiten, Format (B × H): 110 mm x 180 mm, Gewicht: 128 g
ISBN: 978-2-919822-24-9
Verlag: Éditions Guy Binsfeld
De Samuel Hamen portraitéiert ënnert der Form vu Monologen dräi Mënschen, déi aus hirem monotonen Alldag zu Lëtzebuerg ausbriechen:
E jonken Elterendeel verstoppt sech mat Porte-Bëbee an engem Hollerecher Virgäertchen a léiert den Terror vum Stater Lifestyle kennen. E Pensionaire spiert, wéi en aus der Zäit fält a stiermt mam Courage vun engem Verzweifelten eng Industriezon. Eng jonk Entreprenesch stécht wéinst engem Schluet an hirem Foodtruck fest a gesäit am Kniddelwaasserdamp d’Wourecht sou kloer wéi ni. D’Eskalatioun kann eis iwwerall erreechen, an dann ass d’Zäit komm, sech Froen ze stellen, – iwwer dat eegent Land, dat een net versteet, iwwer dat eegent Liewen, dat een nach vill manner versteet.
Dräi Monologen, dräi Stëmmen, dräi Blécker op d’Gesellschaft – eng Diagnos: datt et zu Lëtzebuerg méi ze verléiere wéi ze gewanne gëtt.




